Nodeems mer 2020 an 2021 op Zoom zréckgegraff hunn fir eis AG ofzehalen, kënne mer eis erëm versammlen fir d’Assemblée Générale vun 2022.
Aktivitéitsrapport
Keesserapport a Rapport vun de Keeserevisorinnen
Décharge vum Conseil d’Administration a Walen
3 Membres si sortants fir 2022: Sophie Muller-Bécret, Annette Boever-Lofy a Colette Dernouss-Humbert. Si sinn erëm gewielt ginn.
Camelia Meyer-Ionescu a Félicie Schmit sinn als Keeserevisorinnen confirméiert ginn.
Festleeën vun der Cotisatioun
D’Cotisatioun bleiwt weider bei 10 €.
Buttek
Projeeën
Mir hu folgend Projeeën ënnerstëtzt, deelwees vun der asbl aus an deelwees vum Buttek aus:
- 8’000 € fir Senegal (Sr Dorothy)
- 8’000 € fir Andamos (Projet deen eeler Leit a Bolivien ënnerstëtzt)
- 1’000 € fir Nepalaya (Schutzkleeder fir Spideeler am Nepal)
- 1’000 € fir Globo (Sauerstoffgeräter fir Indien)
- 1’000 € fir Haiti (Erdbeben)
- 4’000 € fir ONG Luxembourg-Pérou (Schoulkanner beim Léieren ënnerstëtzen)
- 2’000 € fir Senegal (asbl Bapalaay, Ziichte vun Hënger)
- 5’000 € fir ONG Dignity (Projet deen marginaliséiert Fraen an Indien ënnerstëtzt)
Detailer iwwer d’Projeeën: