Puriskiris: en Déngscht fir eeler Leit zu Cochabamba, a Bolivien
D’Fundacion Cristo Vive, déi ënnert der Leedung vun der Schwëster Karoline Mayer sozial Déngschter am Chile, a Bolivien an am Peru leescht, huet zu Cochabamba e Service fir eeler Leit an d’Liewen geruff.
Et gi momentan ëm 85 Leit betreit, déi Ënnerstëtzung am Alldag brauchen: verschiddener vun hinne kréie Liewensmëttel vum Sozialaarbechter heem bruecht a gi vun enger Infirmière medezinesch betreit. Si kréien och gehollef bei administrativen Demarchen, wéi d’Ufroen vun der „Renta Dignidad“. Zweemol an der Woch kënnen d’Dammen – an och e puer Hären – sech an engem Raum treffen, fir zesummen ze strécken, stécken, wiewen an aner Handaarbechten ze maachen.
D’Asbl Andamos finanzéiert d’Paien vun dem Sozialaarbechter a vun der Infirmière a kënnt fir Ausgaben fir Material op.
Als Escher WeltButtek bedeelege mer eis um Finanzement.
Informatiounen a Biller vun 2021