Esch-sur-Alzette

esch@weltbutteker.lu

95, rue de l’Alzette – Tel.: 26 54 11 92
Ouvert du lundi au samedi de 9:00h à 18:00h

WeltButtek Esch ass eng s.à r.l. (société à responsabilité limitée); d’Parten vun däer s.à r.l. gehéiere bal alleguer der a.s.b.l. (association sans but lucratif) «Ënnerstëtzung duerch fairen Handel».

De Conseil d’Administration vun der a.s.b.l. entscheed iwwer d’Geschécker vum Buttek. Dank der ausgezeechenter Zesummenaarbecht vun enger grousser Équipe vu Leit mat den ënnerschiddlechste Begabungen a Fähegkeeten gëtt den Alldag am Buttek géréiert, zum gréissten Deel op benevoler Basis.

Den Escher WeltButtek setzt sech an fir fairen Handel mat den Entwécklungslänner; demno ginn och haptsächlech fair gehandelt Wueren aus Entwécklungslänner verkaf. Duerch d’Statutenännerung vun 2018 gouf de Wee awer och opgemaach fir Wueren aus nohalteger Produktioun unzebidden, déi net onbedingt aus Entwécklungslänner kommen:

Art. 3. L’association a pour objets:
– de soutenir des particuliers et groupes de personnes défavorisées, notamment les petits producteurs des pays en voie de développement, en vue d’améliorer leurs revenus et leurs conditions de travail;
– de promouvoir le commerce des produits de ces personnes ou groupes de personnes;
– de sensibiliser le public pour une consommation responsable, le commerce équitable et un développement durable;
– de collaborer avec des organisations ou personnes physiques qui poursuivent des buts semblables, ainsi qu’avec les autorités;
– de soutenir des initiatives qui s’engagent pour les droits des personnes défavorisées.

Statuten vun der asbl «Ënnerstëtzung duerch fairen Handel»

Den Escher WeltButtek huet och nach aner Aktivitéiten wéi de Verkaf vu Wueren am Buttek, wéi een am Aktivitéitsrapport vun 2019 noliese kann.
Mam Gewënn bedeelegt den Escher WeltButtek sech un enger Rei Projeeën:

  • Assemblée Générale fir 2020: 18. Juni 2020 iwwer Videokonferenz
  • Assemblée Générale fir 2021: 22. Abrëll 2021 iwwer Videokonferenz
  • Assemblée Générale fir 2022: 28. Abrëll 2022 am Youth Hostel zu Esch
  • Assemblée Générale fir 2023: 27. Abrëll 2023 am Youth Hostel zu Esch