[Esch/Alzette] Projet am Burkina Faso

D’Escher ONG «Hand an Hand» realiséiert zesumme mat der Organisatioun Terr’espoir e Projet am Burkina Faso: jonk Fraën kréien eng Formatioun am Wiewen, Fierwen a Bitzen. Den Escher WeltButtek ënnerstetzt dës Démarche duerch d’Finanzéierung vu Wiefstill.