Senegal: Mikrofinanz & Fraëgruppen
Den Escher WeltButtek ënnerstëtzt verschidde Fraegruppen am Sénégal mat Mikrokrediter a finanzéiert Maschinnen, déi hinnen den Alldag erliichteren.
An Zäiten vu Corona muss ee besonnesch Précautiounen huelen
Fir de Fraen vu Ndondol bei de Schwieregkeeten ze hëllefen déi duerch d’Pandemie enstane sinn, hu mer si mat 2’500€ ënnerstëtzt.
Hei de Rapport vun der Sr Dorothy a weider Photoen.
Ekologesche Projet – Botzaktiounen
1x pro Woch botzen d’Fraen zesummen hiert Duerf. Als Géigeleeschtung kréien d’Fraen d’Méiglechkeet, hier Kären an engem Schapp ze versuergen, wou se virum Reen an dem Gedéiesch geschützt sinn. Mir hunn d’Masken, d’Kierbiischten, d’Biitercher an de Schapp finanzéiert.
Dräschmaschinn
Eng Dräschmaschinn, déi mam Pärd vun engem Duerf an dat anert geféiert gëtt an esou e puer Fraegruppe bedéngt, erméiglecht méi Kären a kuerzer Zäit a Säck ze sammelen, wou se virum Reen a Gedéiesch geschützt sinn. D’Fraen kënnen esou besser plangen wivill Kären se brauchen fir e ganzt Joer hir Famill z’ernären.
Käremillen
Eng Käremillen am Duerf erliichtert de Fraen d’Muele vun Hirse. D’Miel, dat se esou muelen, kënnen se zum Deel um lokale Maart verkafen.
Uelechpress
Dank engem Mikrokredit kënnen d’Fraen Arachiden akafen wann d’Saison ass. Mat Hëllef vun der Uelegpress gewannen se méi Ueleg aus den Arachiden, deen se verkafen kënnen.