[Beetebuerg] FAIRE KUERF aplaz FAIRE KAFFI

Mir konnten Iech am Hierscht net, wéi gewinnt, op eisen traditionelle Faire Kaffi invitéieren, duefir proposéiere mir Iech 

e Kuerf voll FAIRE KAFFI fir doheem

  • Kaffi – au choix: 250g gemuel, Bounen oder Déca, Pads, Instant, …
  • schwaarzen Téi oder Kraidertéi – au choix
  • Orangenjus
  • Kakao
  • Hunneg am Glas (250g)
  • Gebees- au choix
  • Schokelasbotter
  • Müsli

All dës Produkter aus dem FAIREN HANDEL kritt dir fir ± 25 – 30 €, deemno wéi äre Choix ass.
Dir kënnt se am Weltbuttek bestellen um Tel : 51 80 80 6439, donneschdes a freides vu 14:30-18.00 Auer, samschdes vun 9.00-12.00 Auer.
Bei der Commande kënnt Dir soen wéi eng Zort Kaffi, Téi oder Gebees dir wëllt.
A wann der eppes net brauche kënnt, loosse mir et einfach eraus. 
De Kuerf kënnt Dir duerno am Weltbuttek (42, rte de Mondorf) ofhuelen. – Mir liwweren awer och heem.

Mir freeën eis op Ären Uruff !