De 24. Abrëll jäert sech d’Katastroph vu ‘Rana Plaza’ am Bangladesch, wou 2013 eng Textilfabrick agestierzt war, mat 1’135 Doudegen an 2’438 Verletzten. Zanterhier ass ‘Rana Plaza’ zum Symbol fir déi fatal a mënschenonwierdege Bedingungen an der Textilindustrie weltwäit ginn.
Zu dësem Gedenkdag hu mir puer Aktiounen an Informatiounen an eisem Buttek virgesinn. Awer och wëlle mir op d’Bedeitung vun der Fair Fashion hiweisen!
Mir bidden eise Clienten, allerdéngs nëmme fir eng begrenzten Zäit, Fair Trade T-Shirten vun der Marque ‘Dedicated’ zum Verkaf un.
E klengen, mee fir déi eenzel Néieschen, dach bedeitenden Ënnerscheed!
Kommt Iech se gären ukucken!





