[Dikrech] Fairtrade Wochen

Vum 1.-14.Mee 2023 sinn Fairtrade Wochen an och dëst Joer mëcht eise Weltbuttek bei dëser Aktioun mat.
D’Geleeënheet Iech eis nei Kollektioun vu Baby-Bodyen a Baby-T-Shirten vun ‘SENSE ORGANICS’ ze präsentéieren.
Aus 100% Bio-Kotteng (Indien), fair produzéiert a fair gehandelt.
‘SENSE ORGANICS’ engagéiert sech net nëmmen fir Nohaltegkeet a Bezuch op d’Ëmwelt, mee och fir sozial a gerecht Aarbechtsbedingungen. Vun der Recolte bis zum fäerdegen Kleedungsstéck.
Garantéiert durch d’Labelen FAITRADE, GOTS, an SA 8000.
Eis Baby-Bodyen an Baby-T-Shirten sinn faarwefrou, mat originellen Motiven, passend zu all klengen Butz a Geleeënheet.