[Dikrech] Fairtrade Wochen

  • An der Woch vum 2. bis 7. Mee presentéiert den Dikrecher WeltButtek Quinoa vun der Marque Quinola, an zwar rouden, wäissen, schwaarzen Quinoa an den prakteschen (virgekachten) ‘Express’.
    Samschdes, de 7. Mee: Degustatioun vu Quinoa-Zalot.
  • Vum 10. bis 14. Mee leit dann den Akzent op den fairtrade ORIGINAL Produkter, mat enger breetgefächerter Gamme vun konservéierte Liewensmëttel.
    Samschdes, de 14. Mee: Degustatioun vu Lënsen-Zalot.

All d’Produkter sinn aus biologeschem Ubau an entspriechen den ‘Fairtrade’ Critèren.
Op de virgestallten Iesswueren gëtt et wärend den « Fairtrade Wochen » 10 % Rabatt.